Deen zackerdjëssen ‘N’

RTL - 17.02.2012, 11:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.02.2012, 11:51 | 4 Commentaire(n)

Auteur: Lex Roth

Dëslescht sinn ech iech hei (alt erëm) mat enger Schreifweis-Kniwwel op de Wecker gaang, wou d’Lëtzebuergescht sech vis-à-vis vun deer däitscher Sprooch duerch eng Klengegkeet ënnerscheet, un déi een ower knapps denkt : am Däitsche gëtt et e ganz kloeren ‘ECK’…dee mir grad esou däitlech och an eiser Sprooch kennen ; Beispiller fanne mir kludderweis.

Den ´ÉCK’ fënnt een ower nëmme bei äis (déck, kréckelen, zécken, Gléck, Bréck, Bécklek, drécken, fréckelen…  ! An dofir musse mir deen ‘E’, wann e betount ass, vum ‘ECK’ ( Dreck, Zecke, lecken, meckern,…) duerch eppes ënnerscheeden : an dësem Fall mat engem ‘accent aigu’, en Zeechen (och nach mat geléierter Nues an der Luucht ‘diakritesch’ genannt), un dat mir duerch eis Gewunnecht un d’Franséischt natierlech gewinnt sinn. Denkt nach emol un d’Villerchessprooch mam ‘Béck de Réck’ asw., oder liest vläicht den Artikelche vun deer leschter Woch hei um RTL.lu nach eng Kéier no 

Nach esou e Kriddelschësser (pardon) ass den ‘N’ vru Vokalen (i-u-e-o-a) an enger Partie Konsonanten (n-d-t-z + h) >>> do virdru bleift deen ‘N’ ëmmer stoen, ob bannen oder egal wou am Saz. Niewebäi bemierkt : wann dir déi Vokalen a Konsonanten hannereneen ‘opsot’, da mierkt dir eng ‘Reim-Zeil’, déi liicht ze verhalen ass : i-u-e-o-a, n-d-t-z an h !

Ech weess, datt et eng Grimmel vermesse klénkt, ower sproochtechnesch, linguistesch, grammatesch Begrëffer wéi ‘Vokal/Konsonant’, grad ewéi Substantiv, Adjektiv, Adverb asw., sinn deene Leit net (méi) onbedéngt geleefeg, déi net all gudden Dag mat deem ‘Gedéngels’ ze dinn hunn. Dat wëllen déi ( dacks schéin arrogant/iwwerhieflech) Herrschafte vun der intellektueller ‘haute-volée’ nun emol einfach net verstoen. Et sinn d’meescht miserabel Pédagogen, an si kucken déi, déi wierklech en Donst vu ‘Schoul-halen’ hunn dann och wéi déi lescht Kakerlacken. Passons, seet de Fransous.

Domat komme mir dann erëm op de Gedanken, datt e puer praktesch Beispiller, deer gudder, lëschteger oder esouguer gelungener, d’Saach meeschtens méi einfach a besser fir de Verhalt op de Ponkt bréngen.

  • den Igor / den Uli / den Olli / den Albert / den Néckel / den Dëmi / den Theo / den Zawi / den Henri ginn (geet) an den Norden/ den Doum / den Theater / den Zirkus / den Haff…

OWER :

  • de° Batty / de° Carlo / de° Felix / de° Gast / de° Josy / de° Kim / de° Leo / de° Misch / de° Pitt / de° René / de° Vic / de° Will… ginn(geet ) an de° Bureau / de° Cabaret / de° Festsall / de° Gaart / de° Jobcenter / de° Kitchen / de° Parsall / de° Reitstall / de° Veräin / de° Wantersport.

Wichteg : Virun engem Sazzeeche bleift den N ëmmer stoen, also vrum Ponkt, dem Stréchponkt an och dem Komma !

Elo nach laang doriwwer ze jadderen, firwat hei vun enger sougenannter ‘Äifeler Regel’ geschwat gëtt, dat bréngt der Saach un sech soss näischt…wéi datt et nach méi ‘bessergutt’ an der Landschaft soll maachen. Et bréngt 0,000 näischt !!!

 

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!