Bravo, Madame Sarah Vasco Pereira !

RTL - 12.04.2012, 06:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.04.2012, 06:14 | 0 Commentaire(n)

Auteur: Lex Roth

1968 hunn ech zu Esch ‘gebaut’. Den Entrepreneur war en Italéiner aus deer 3. Generatioun, an natierlech hat hie praktesch elauter italiéinesch Leit schaffen: dichteg a sympathesch Jongen, mat deenen ech mech alleguer wonnerbar verstan hunn.

Ee vun hinnen, den Aldo, e Spezialist an de ‘Mollongs-Maueren’, deen säin Handwierk beim Poeckes (hie sot ‘Pukes’) zu Rëmeleng geléiert hat, war absolutt net frou, datt déi Zäit op eemol esou sëlleche Portugisen an d’Land komm sinn…’ils nous chipent notre travail’. Hie selwer ass nach net laang hei gewiescht, huet ower verstan, datt déi Leit aus dem Portugal nëmme just datselwecht gemaach hu wéi an der Zäit seng eege Compatrioten: si hunn eng ‘Kuuscht’ do gesicht, wou eng war, sinn also net wéinst eise schéine Gickelcher komm… a wien sech ëmfroe wëllt, dee gëtt gewuer, ënner watfir enge lamentabelen Ëmstänn déi éischt portugisesch Aarbechter hei gehaust hunn; hir Famill huet nach net däerfe mat eropkommen, an si waren dacks hirer eegener Leit ausgeliwwert, déi ouni Schimmt a Gefill a vermuuschte Brake ‘Schlofhändler’ gespillt hunn ! Eng grujeleg Situatioun fir ‘eis’ éischt Portugisen… si ass ower net anescht gewiescht wéi 70 Joer virdrun.

Haut: Bedenkt emol, wéivill dichteg a respektéiert Lëtzebuerger mat italiéineschem Stack an der 5.Generatioun mir iwwerall an de beschte Positiounen hunn. Dat ass eng Erfollegs-Story, wéi se net besser kënnt sinn. Datselwecht wäert et och mat ‘eise’ Portugise ginn; an dat ass gutt ! Si sinn ewell zu iwwer 80 000, deelweis an der 3. Generatioun, ganz vill intelligent a fläisseg. Och ënnert hinne fanne mir a leschter Zäit ëmmer méi ‘Kanner’, déi hei gebuer, opgewuess an d’Schoul gaang sinn a ‘studéiert’ hunn. Och dat muss een net nëmme respektéire mä begréissen ! E gudde Schach-Zock ass natierlech och d’Méiglechkeet vun der duebeler Nationalitéit am Raum vun der EU gewiescht; dat ass eng ganz intressant psychologesch Fro, déi nach méi ewéi ee ‘Master’ verdéngt.

À propos ‘Master’: Vrun e puer Deeg liese mir dann an der Press, datt eng jonk portugisesch Fra, d’Madame Sarah Vasco Correia, eng Diplomaarbecht iwwer d’Kapitel portugisesch ‘Integratioun’ zu Montpellier geschriwwen huet, an datt si dofir de Präiss 2012 vun der ‘Fondation Robert Krieps’ krut. En éierlechen an décke Bravo !

Et kann net genuch betount ginn, datt d’Integratioun vun auslännesche Leit hei bei äis ee vun de wichtegsten Elementer fir d’Weiderexistéiere vun eisem Land ass. Integratioun an Assimilatioun sinn ower nun emol zwéi grondverschidde Begrëffer: Ech integréiere mech doduerch an enger Gesellschaft, datt ech mech no an no upassen, souzesoe ‘maache wéi d’Leit’, a Veräiner a Gesellschaft, esouguer an der Politik…’assimiléieren’, dat geet vill méi wäit ! Dat heescht ‘dselwecht’ ginn (aus dem Latäin ‘simile’), säi ‘Virdrun’ opginn… an dat kann een net einfach verlaangen; dat ass e gedëllege Prozess, op jidfer Fall eng Fro vu Generatiounen. Esou ass z.B. déi 5. Generatioun vun ‘Italiéiner’ hei praktesch assimiléiert: si fillen sech hei doheem, schwätzen d’Sprooch vum Land, vermëschen sech mat Lëtzebuerger an et zitt si vläicht nach fir eng Vakanz ‘dorower’ bei Famill, méi net méi. Denke mir ‘Lëtzebuerger’ iwregens drun, wéi et mat der Fro vun Integratioun an Assimilatioun vun eisen Urururgrousselteren hei war ?… do si mir ronn bei der Franséischer Revolutioun, ‘wat’ ass do erakomm oder bluff hei ‘hänken’.

Mir ginn an US-Amerika no deem sichen, wat d’Lëtzebuerger do als Spure gelooss hunn… a mir restauréieren et esouguer… solle mir dat net och iwwerleeën, wann et ëm Integratioun/Assimilatioun geet ? D’Sprooch bei deer Saach: Et gëtt nach en etlech, mä rosewéineg Nokomme vu Lëtzebuerger Auswanderer, déi e bësse Lëtzebuergesch ‘knätschen’… a 50 Joer kee méi ! Mä an deene 50 Joer gëtt et hei dausende vu Leit mat portugiseschem Patronym (Familjennumm)… wou nach just deen drun erënnert, vu wou hir Urelteren hierkomm sinn. Hir Sprooch ? Laang kee Problem méi: Déi ass ganz sécher d’Lëtzebuergescht… wa mir et selwer respektéieren !

 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!