Mammesprooch
RTL - 11.05.2012, 11:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.05.2012, 11:29 | 0 Commentaire(n)

De Jong huet seng Primärschoul prima gemaach, ass natierlech op d’Schmelz komm, wou hien zugudderlescht als e ganz beléifte Viraarbechter pensionnéiert ginn ass. Gelangweilt huet de Fabio sech ni, well säin Hobby, d’Molen’ bis haut säi Liewen ausfëllt. Den Tableau, deen hie mir vu mengem Elterenhaus gschenkt huet, giff ech fir kee Geld a kee Präiss hier.
Mammesprooch? Mä de Fabio ass e Super-Beispill, wéi ee mat engem normale Kapp a guddem Wëll eng aner Sprooch wonnerbar op déi praffe kann, déi een als éischt geléiert huet…den Ausdrock ‘Mammesprooch’ misst een eigentlech als ‘Primärsprooch’ gesinn, well et déi Sprooch ass, an deer ee fir d’éischt Wierder a Sätz fir alles ‘geléiert’ an am Sproochzentrum vum Gehier fixéiert huet, wat rondrëm ee gewiescht ass. Datt d’Mamm do d’Haaptroll spillt ass kloer; ower de Papp, d’Gesëschter, déi ganz Famill vun nobäi si bei deer ‘Primärsprooch’ natierlech och immens wichteg. Dat Kapitel ass esou grouss a breet, esou komplex, datt mir et mengerwärreg hei net kënnen an e puer Zeilen auserneendinn; et ass ower eent vun deenen intressantsten aus deer ganzer ‘Psychopädagogik’!
De Problem, deen sech beim klenge Fabio gestallt huet, hu mir haut, wéinst méi Sproochen an der grousser Zuel vun net-lëtzebuergesche Kanner jo nach vill méi heefeg an op e sëlleche méi Fassongen…d’Basis bleift déiselwecht: Egal watfir eng ‘Mammesprooch’ Kanner mat an d’Schoul bréngen: wann dann do drop gehal gëtt, datt d’Sprooch vum Land d’Haaptroll soll spillen, dann ass dat en Integratiounselement wéi et net besser kënnt sinn. Zugudderlescht kritt da jo deen zimlechen Duerchernee vu Mammesproochen Italiéinesch, Portugisesch, Englesch, Spuenesch, Franséisch asw. d’Lëtzebuergescht quasi als Iwwersprooch, fir datt d’Kanner sech all am Schoulhaff verstin! Intressanterweis schéngen d’Däbessen domat keng sënnerlech Problemer ze hunn.
An de Fabio dann elo rëm ? Deen huet sech vru 60 Joer e Meedchen aus senger italiéinescher Géigend aus der Vakanz mat erop bruecht…dat leider ni Lëtzebuergesch geléiert huet. Firwat ? Dat musst dir de Fabio froen, dee weess et : d’Fra war ëmmer doheem, am Sënn vum Wuert ëmmer Hausfra; hire Mann…huet mat hir nëmmen Italiéinesch geschwat; d’Resultat ass logesch: Si schwätzt nach haut kee Wuert vun eiser Sprooch. Hir Duechter huet – trotz der Mamm hirer Sprooch! – net dee mannste Problem mam Lëtzebuergeschen a schwätzt wéi dir an ech! Deer hire Jong, e fäerdegen Dokter, kann sech nach esou just ‘in italiano’ verstännegen. Seng Sprooch ass Lëtzebuergesch! Seng Mammesprooch?

Äre Commentaire