Sprooch + Wëssenschaft

RTL - 18.05.2012, 11:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2012, 11:29 | 0 Commentaire(n)

Auteur: Lex Roth
Natierlech ass et en intressant Thema: wat dann elo fir eis Sprooch wichteg ass. Dee Sujet stellt sech ower fir déi pur Linguistik-Wëssenschaft  net. Déi ënnersicht d’Fonctionnement. Wou, firwat a wéi d’Sprooch do steet, ass fir de stramme Sprooch-Theoretiker net sënnerlech wichteg, wann iwwerhaapt. Et huet emol e Linguistik-Freak zu mir gesot, him wier et schléisslech egal, OB eis Sprooch geng an de Gënz goen; fir hie wier am Fong nëmme wichteg WÉI déi Koplabunzerei sech geng weisen. Dat war säi Recht; et ass och d’Recht vun deene Leit mat deerselwechter Kap, mä si sollen éierlech zouginn, datt d’Sprooch u sech hinne wäinzossiss-, wirschterches- oder mettwurscht egal ass. Da sollen si mat hirer ‘Bistouri-Method’ um Lëtzebuergesche schnëppelen, bis se gro a greezeg ginn; si sollen sech Stempele mat akademesch gepierpelter a getëppelter Terminologie kniwwelen, datt keen net-akademesche Trëllert méi eppes matkritt… wat hie souwisou net brauch.

Et geet am Fong, am Gestécks, am Ënnergehëlz ëm eng super-einfach Fro: Wëlle mir eppes fir eis Sprooch maachen, oder läit äis nëmmen eppes u ‘wëssenschaftlechem’ Méckegepéils,  Gedeessems, Gekniwwels a Gepiddels un enger Sprooch-Läich? Ech nennen iech Dosenden an Dosende dichteg a genial Schrëftsteller aus alle méigleche Sproochen, déi ni an näischt mat theoretescher Linguistik ze dinn haten an hunn!

Geet et da vläicht ëm Etymologie, déi äis jo am Fong driwwer soll schlau maachen, wou en Ausdrock, e Wuert, en Numm hierkënnt?  Och dat ass eng intressant Fro; sécher ass, datt déi Uluecht eiser Sprooch, hirem Zoustand, hirer Fonktioun an hirer Roll fir ‘déi no äis’ vläicht en intressant ‘Kollateralintresse’ gëtt; de Bestand vum Lëtzebuergeschen, d’Weiderkommen hu rosewéineg dovun. Ower dat schéngt der ‘Wëssenschaft’ esou friem ze sinn ewéi de Bifdeck engem Bäizi… soss hätten ewell déi immens fläisseg Artikelen an de Publikatioune vun der ‘Luxemburgische Sprachgesellschaft’ an den 20er Joeren eng bestëmmte Wierkung missen hunn… si hate glat keng, wéi et ënnert den Nazi-Fatzbeidelen drop ukomm ass. Deemools hunn z.B. och enger ‘Wëssenschaftsbomm’ wéi dem Jules Vannerus seng 40 (excusez du peu!) Säiten eleng iwwer den Numm ‘Rham/Rumm’ kee Jota gedéngt, grad wéi dem ‘Univ.-Prof. Dr. Richard Huss säin intressant Gebruets op 17 Säiten, fir dem Numm ‘Lëtzebuerg’ op d’Spur ze kommen. Alles gutt an net onintressant; d’Kap, den Hutt, esouguer d’Dunn an de ‘Chapeau Klak’virdrun of… Mä wat ass do formidabel Energie verpolfert a verstëbst ginn, déi just an deene Joere fir d’Sprooch an d’Zäit duerno Wonner gewierkt hätt. Dat kënne grouss an ‘etabléiert’ Sproochen sech leeschten; d’Lëtzebuergesch ass an enger ganz anerer Situatioun!

Vu ‘Soziopädagogik’ - also d’Fassong wéi een dem ‘Vollek’ d’Sprooch geschméicheg mécht (en Ausdrock, deen dem Här Prof. Dr. François Schanen net richteg ze leie schéngt ☺), guff et keen Donst a keen Damp… alles vill ze trivial, gelldir! An engem Verglach kënnt ee mengen, datt do ee Luxus-Pâtissier deen anere wollt iwwertrompen; d’Kaffiskichelcher, den einfache Kiermeskuch, d’Bréidercher, de Schuedi an d’Brout waren nun emol ze graff; dat ass gutt fir dat ‘gemengt Vollek’, ‘d’Plebs’, wéi si gesot hätten. Et freet sech just, wien dat drullessen-déckt ‘gescheit’ Supergeschreifs iwwerhaapt gelies, verstan a verdaut huet… natierlech alt erëm nëmmen akademesch Spezialisten, well anerer hunn d’Säiten emol net opgeschnidden; et huet wonnerbar an der Bibliothéik gemaach, an… domat sti mir dann erëm praktesch virun enger Zort intellektuellem Inzest!

 

Déi aner Woch dann: Sprooch + Praxis + ‘Akkzeptanz’


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!