Dat ass dach egal ...

RTL - 31.05.2012, 16:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.05.2012, 16:57 | 1 Commentaire(n)

Auteur: Lex Roth
ob mir soen (schreiwen !), et wier een ‘am Bäisinn’ vun der Famill ‘verstuerwen’; mir giffen engem ‘eist déif gefilltent Bäileed entgéintbréngen’; um ‘géigeniwwerleienden Haus’ wier ‘en Daachschiefer’ erofgefall.

Et schéngt och ‘eendunn’ ze sinn, wa Kanner ewell ‘frühstücken’; wann een eng an seng ‘hässlech Fress’ kritt’; ob eis Däbbëssen d’Léierin froen, ob si ‘verheirat’ wier… dat hei sinn authentesch Beispiller aus dem Schoul-Milieu !.. ower leider och no der Meenung vun enger Partie ‘Léierpersonal’: et ass dach…egal !

Natierlech huet jidderee bei äis d’Recht, op seng Fassong ze denken an sech auszeschwätzen. Wann dann ‘egal wat’ dobäi erauskënnt,  hunn all aner, a mir och! ower och d’Recht fir ze soen, wat si vun esou enger labberer Mentalitéit denken. Nach laang net ‘egal wat’! Wiem en éierbart Lëtzebuergesch an eis Sprooch iwwerhaapt ‘egal’sinn, dee soll dat riichteraus soen… Mä dann ass et him jo och wurscht, wat Leit ewéi de Rodange, den Dicks, de Lentz, den C.M. Spoo, den Nik.Welter, de Robert Bruch, iwwerhaapt, wat alleguer eis Dosende vun Dichter a Schreiwer vu gëscht an haut op Lëtzebuergesch geleescht hunn. Da waren a sinn dat am Fong elauter naiv Toperten. Am Sënn vum Ausdrock: EGAL WAT!

Den 10. Oktober 1941 hunn d’Nazien op engem perfide ‘Stëmmziedel’ och probéiert, d’Lëtzebuerger just domat ze ‘kréien’, datt si fir eis Sprooch an enger hannerwänneger ‘Explikatioun’ kleng drop geschriwwen hunn, d’Lëtzebuergescht wier nëmmen en däitschen Ënnerdialekt – also egal wat! Eis Mammesprooch giff net als Äntwert zielen… mä d’Äntwert vun de Leit war nach laang net… ‘egal wat’! Souguer géint d’Gefor vu Prisong, KZ a Schlëmmerem hunn ‘eis Leit’ vun deemools den Nazien eng Blamage vrun d’Stiwwele gehäit, déi de Fatzerte bäigehal huet an deemools weltbekannt guff. Si konnten sech mat soss näischt wieren, wéi mat hirer Léift fir eis Heemecht.

Leider verhënnert dat net, datt gutt mockeleg gezillten a placéiert Yuppien aus de 5 beschten Dosende Joere vu Westeuropa sech deem ganze ‘lästege Quatsch’ méisseg ginn. D’Welt, d’Geschicht, d’Land, d’Gesellschaft, d’Liewen iwwerhaapt huet dach, wéi et schéngt, eréischt ugefaang, wéi si an der Wéi geleeën hunn. Déi Mentalitéit ass alt erëm hirt Recht; ower d’Majoritéit vun äis däerf esou Mentalitéiten op d’Broutschéiss huelen… vläicht fir datt se méi zerguttst gebak ginn☺

Et gëtt iwwerall an ëmmer Leit, deenen alles wurscht-egal ass, wat net direkt mat hinnen an hirem ‘Yupplabumm’ ze dinn huet. Dat Allermannst, wat een do vermësse kann, ass e Stéck vun allgemenger  Kultur, zu deer nun emol och dat gehéiert, wat et ginn ass, iert d’Welt an d’Liewen déi grouss Chance haten, si ze empfänken… also Vergaangenheet, Geschicht, wéinstens vun de Generatioune bis bei eis Grousselteren. Ouni dat ass ‘e Krack am Dill’. Wien net emol heiansdo driwwer nodenkt, ‘wéi et war’, wéi a firwat et esou ‘ginn ass’, mä jo och wéi et anescht kënnt sinn, deen tierkelt am ‘Haut’ dorëmmer a fällt an e Lach, wann et ower vläicht eng Kéier anescht kënnt, wéi hien sech et (net) geduecht huet.

Mir kennen alleguer Leit, deene wierklech, bis op hire ‘Guddiguddi’ alles ‘eendunn’ ass (wéi de Josy Braun giff soen). Mä gare wann si och nëmme mengen, et giff net esou fonktionéieren, wéi si sech dat virstellen… dann hunn si d’Flemm, pardon: eng déprime, dann ass d’Welt ze kleng, d’ganz Gesellschaft ongerecht an décke Kabes ! Fir den Ament gesäit et dach net esou marzipan- roseg aus… oder?

Dësen Artikel fannt dir, mat aneren, och an der ‘KLACK fir eis Sprooch’ / N° 182, am WORT, dem TAGEBLATT an dem JOURNAL vum 2. Juni 2012

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!