Eis Sprooch…bis wuer a wéini?

RTL - 29.06.2012, 13:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.07.2012, 13:40 | 1 Commentaire(n)

Auteur: Lex Roth

Dir kennt déi Spréchelcher alleguer: Wann et dem Iesel ze wuel ass, da geet en op d’Äis danzen. En aneren : Wann d’Kand am Pëtz läit, da gëtt en Deckel drop gemaach.Wa mir dat emol bëssen iwwer de Leescht vun eiser Sprooch zéien, da si mir net wäit vun dësen operluechte Woerechten ewech.

Natierlech guff 1815, um Wiener Kongress, wéi Europa nom Napoleon erëm a säi Gesiicht vu virun der Franséischer Revolutioun gestuckelt, zesoe ‘gerockt’ ginn ass, huet do natierlech keen sech e Méckebeen iwwer d’Sprooch an deem alen ‘Duché de Luxembourg’ ausgerappt; datselwecht war de Fall, wéi 24 Joer méi spéit, nom Kaméidi vun de ‘Belsch’ mam Oranier-Tockskapp Wëllem I säi (perséinleche!) Grand-Duché nach eng Kéier fatzeg gekëppt guff a méi ewéi d’Halschent vun deem , wat 1815 iwreg bliwwe war, einfach erofgegarrelt ginn ass…’gegarrelt’ stëmmt hei gelungenerweis absolut an senger Bedeitung, well et heescht jo ‘net grad propper erofschneiden’. No de ‘Leit’ huet kee Stura gekuckt, dat war ‘quantité négligeable’; gezielt hu just e puer Dosen ‘Décker’…deenen eis Sprooch mettwurscht-egal war. Et huet wäit an d’20. Joerhonnert era gedauert, bis d’Lëtzebuergescht no an no e Këppche vun eisem ‘Gesiicht’ sollt kréien.

E puer intelligent Klatzkäpp schéngen instinktiv verstan ze hunn, dat “d’Sprooch vun de Meed a Kniecht” -  wéi den C.M.Spoo se nach uganks vum 20. Joerhonnert an der Chamber dohinner gebass krut – dach ower  eng aner Bedeitung hätt, wéi e bëllege Folkor. Den Tunn Meyer war garantéiert net méi domm wéi en etlech Mammejéngelcher; de Jacques Diedenhoven an de Franz Gangler sinn och alt net méi topeg gewiescht wéi munnech Leit ‘de bonne famille’. De Michel Lentz wosst, als héige Beamte vum zentrale Pouvoir, wat dorëmmer geng ramoschteren, grad wéi den Dicks, deen och nach ausgerechent dem Här Gouverneur säi Fiston gewiescht ass. De Michel Rodange, dee kleespere Schoustesch-Jong vu Waldbëlleg hätt se, mat deeneselwecht Chancen, alleguer an d’Täsch gestach. Wat soll, ausser senger Léift fir seng Heemecht, dem Professer Dr. Nik. Welter seng Aarbecht fir a rondrëm eis Sprooch anescht wéi d’Versteesdemech fir den Identitéitswert ‘Lëtzebuergesch’ gewiescht sinn? Wien dem Siggy vu Lëtzebuerg hannerwänneg just ‘Nationalismus’ dohinnergeheit, huet näischt vun eiser Geschicht aus senger Zäit matkritt oder verstan.

Muss een da wierklech ëmmer erëm drun erënneren, datt den 10. Okrober 1941 de Lëtzebuerger hire kollektive Resistenzakt fir eis Sprooch ënner absolutter Gefor dem Lëtzebuergeschen definitiv säin ‘Adelsbréif’ ginn huet? Mä wat soll dat haut dann alles?!

Et geet äis ( wann och net grad alleguer) jo gutt, esouguer nach besser wéi gutt. Firwat solle mir äis da Suergen iwwer eis Sprooch maachen. Déi huet jo näischt mat eise Paituten ze dinn. Et ass dach egal, wann um Mikro Lëtzebuergesch geschwat gëtt wéi beim Vizmates. D’Sprooch ass emol net op der Bourse notéiert, gelldir…a wann e grappvoll hiermiddeg Betongskäpp sech drugi wéi ‘de Geck un de Bengel’, fir dovun eppes ze halen oder ze änneren…on leur accorde la liberté des foufous.

D’Äis ass jo (nach!) déck an d’Schläich nach schéi glat. De Pëtz ass nach déif, an do gëtt et kengerlee keng Gefor…dat bleift dann alles nach emol ze gesinn. Eis Kanner? Wat sollen déi domat ufänken. Deene geet et dach och gutt, bis…maja, bis wéini?

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!