Geknadders a Gemëffers
RTL - 26.11.2010, 10:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2010, 10:55 | 0 Commentaire(n)

Aus eegener Praxis weess ech: de ‘Rang’ hat näischt mat der Qualitéit vum Schoulhalen ze dinn ! E Rang-Examen, dat war e schreckleche Koup Aarbecht… a 6-8 Fächer… an ëmmer déi zackerdjësse Mathematik dobäi, mä et war d’Conditioun fir z.B. eng Plaz an der Stad ze kréien, engem e bessert ‘Klassement’ als Léierin/Schoulmeeschter an enger bestëmmter Uertschaft ze ginn oder d’Aussiicht ze hunn, ‘weiderzekommen’. Soss guer a glat näischt !
Wien sech aus der ‘Wull’ wollt erausschaffen, Inspekter ginn, Logopädie-Professer, oder an an den ‘Technique’ wollt erakommen, deen huet e bestëmmte ‘Rang’ gebraucht… mä och do hat dat fir de Fong, d’Schoulhalen, rosewéineg mat Räng an Titelen ze dinn: Fir Schoul ze hale muss een e bestëmmtent pädagogescht Talent hunn, oder et bleift een, trotz Béchserei a vläicht brillanten Examen, e Langweiler, bei deem kee vill reeft, well hie kee fir egal wat BEGEESCHTERE kann. Genee datselwecht gëllt fir de Bachelor an de Master am Primaire, pardon, der Grondschoul… iwregens dat meescht vun déisäit der Musel an der Sauer nogeaaft; dat mat der Hëllef vu Leit, déi kee Gespier fir eis Schoulsituatioun haten an hunn…well se vun deer ‘anerer Säit’ komm sinn. Dat Nämlecht gëllt fir déi Schreifdësch-Pädagogen, déi eis Kanner fir d’Franséischt (cf.Beaulieu) mat vill Gebraddels wéi kleng Fransouse wollten/wëllen ‘zillen’.
Vun Niveau, deen erauskënnt, wëlle mer léiwer net schwätzen, well deen ass, trotz (oder wéinst) deem Gedéngels net besser ginn, éischter manner. Dat konfirméieren iech all déi, déi haut Texter vu Primaner an esouguer Universitairen a Concoursën a soss Exame ‘verbesseren’. Genuch dees Gegrangels; mä wat huet dat mat eiser Sprooch ze dinn ?
Op de Walfer Bicherdeeg huet eng Madame sech net ginn, bis si bei mir gesiess an en Ouer gemaach huet. Wat ech géint e Master hätt ? Si war iwwerzeegt, ech hätt de Bachelor an de Master fir egal wat op der Pick… wat guer net stëmmt. Firwat déi Graden an der Grondschoul iwwerflësseg sinn, dat hunn ech hir (iwregens eng Léierin !) esou auserneegedunn, wéi hei uewe steet. Et huet sech dann erausgestallt, datt d’Madame – eng ‘gemastert’ – gemengt hat, fir mech wier en akademesche Grad an der ‘Luxemburgistik’ waarm Loft. Jëmmen neen ! Dat gëtt eiser Sprooch dach eng Positioun, déi si absolutt brauch, fir als normalt Universitéitsfach ‘habilitéiert’ ze ginn… genee dat ass et jo, wou äre Schreiwert zënter Joer an Dag dofir schafft. Iwregens hëllefen ech op d’mannst 25 Joer laang Stodenten, déi am Ausland e ‘Magister’ oder en Dokter iwwer d’Lëtzebuergescht gemaach hunn… esouguer enger Joffer, déi an der Zäit iwwer meng BD-Iwwersetzunge promovéiert huet ! Dat war laaaang iert hei een d’Iddi fir eng Lëtzebuerger Uni hat, an zwar an Däitschland, dem Frankräich an esouguer an der Schwäiz.
Bei deene Gespréicher brauch een eppes, dat d’Laténger ‘distinguo’ genannt hunn, ower…


Äre Commentaire