De Jakobswee: Zwee Lëtzebuerger ënnerwee - mat zwee Ieselen!
RTL - 12.06.2009, 14:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.06.2009, 10:03
Si ginn en an Etappen a mat zwee Ieselen: Zanter 2008 sinn de Roland Bisenius an den Dany Bourone um Jakobswee. Am Hierscht geet et weider, hei op RTL.LU!

2008 woren de Roland Bisenius an den Dany Bourone vun Ars-sur-Moselle (an der Géigend vu Metz) bis op Thonance-les-Moulins gangen. 196 Kilometer am Gaanzen, déi si zesumme mat hiren Ieselen zréckgeluecht hunn. (Méi iwwert dës Rees op www.camino.lu.)
2009 goung d'Rees weider: Vum 21. bis den 31. Mee waren d'Pilger ënnerwee vun Marbébille iwert Colombey les deux Eglises bis op Vézelay an hunn am Gaanzen 206 Kilometer gemeet.
Natierlech kann ee mat zwee Ieselen net ëmmer dee kierzeste Wee huelen. Den Henry an de Basile, esou heesche si, hunn hir ganz eege Bedierfnësser, brauche si dach heinsdo Wisen ... ënnert anerem!
D'Etappe vun dësem Joer: Marbéville - Vézelay (206 km)
21. Mee: Marbéville - Colombey les deux Eglises (15 km)
22. Mee: Colombey les deux Eglises - La Ferté sur Aube (22 km)
23. Mee: La Ferté sur Aube - Grancey (29 km)
24. Mee: Grancey - Pothières (22 km)
25. Mee: Pothières - Marceney (16 km)
26. Mee: Marceney - Chassignelles (28 km)
27. Mee: Chassignelles - Annoux (24 km)
28. Mee: Annoux - Tarot (26 km)
29. Mee: Tarot - Asquin (16 km)
30. Mee: Asquin - Vézelay (8 km)
Bis op Santiago de Compostela bleiwen nach - net erféieren - 1.900 Kilometer. All Joer wëll eisen duebelen Duo 200 Kilometer goen. Demnächst si si erëm "on tour" a vun der Rentrée am September u kënnt Dir dann all Woch an der Sonndeszeitung op RTL.LU déi eenzel Etappen noliesen.
