Chamber: Masterplang fir Léiweng ass am Abrëll fäerdeg
RTL - 16.03.2010, 17:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:55 | 2 Commentaire(n)
Froestonn an der Chamber: De Masterplang fir Léiweng soll ëm Ouschtere fäerdeg sinn, huet den Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler gemengt.

An der Chamber goung an enger Froestonn ë.a. Rieds iwwert de Fussballstadion mat Akafszenter zu Léiweng.
Den Nohaltegkeetsminister huet drun erënnert, dass d’Projete Wickréng a Léiweng zu engem gewëssene Moment matenee verknäppt goufen. Op Wickréng kéim elo méi en ugepasstene Projet, mat Plaz fir d’Handwierk, d’Wunnen, Geschäfter a Büroen; de Masterplang dozou soll am Abrëll stoen.
Wat Léiwéng ugeet, sou kéim do de Stadion hin, mat engem Outlet a mam Centre commercial, deen zu Wickréng geplangt war.
|
De Masterplang fir Léiwéng soll ëm Ouschtere fäerdeg sinn, huet den Nohaltegkeetsminister nach gemengt.
Eis Schoul
D’Évolutioun vun "Eis Schoul" a vum "Neie Lycée" war d’Thema vun zwou Questions avec débat a vun enger schrëftlecher Fro an der Chamber. De gringen Deputéierte Claude Adam wollt, wat «Eis Schoul» ugeet, wëssen, wéi et ëm de Fonctionnement vun där Schoul steet, d’Hëllef an Ënnerstëtzung duerch de Ministère an d’Recherche. D’Éducatiounsministesch huet an hirer Äntwert virop op de groussen Intérêt fir an d’Particularitéit vun der Schoul higewisen.
Besonnesch ass, sot d’Mady Delvaux-Stehres, dass "Eis Schoul" eng Ganzdaagsschoul an eng École de recherche ass, déi Kanner mat spezifesche Besoinen ophëlt.
D’Ministesch huet net verstoppt, dass d’Gewalt och an där Schoul e Sujet ass. Et wär awer en allgemenge Problem an der Grondschoul. Dat ass en Aspekt, deen d’Mady Delvaux-Stehres erféiert. Ënnert dem Stréch wär an "Eis Schoul" villes positiv, awer net alles sou, wéi ee sech dat virstellt.
De Claude Adam ass dono op den Neie Lycée agaangen. Dem gringen Deputéierte feelt de frësche Wand duerch déi Schoul.
De Ben Fayot vun der LSAP wollt séngersäits Informatiounen doriwwer, wat fir Resultater d’Kanner hunn, déi aus deem neien an aner Lycéeë gewiesselt sinn. D’Ministesch huet vun engem héijen Taux de réussite vun dëse Kanner a vun enger gudder Integratioun an déi aner Schoule geschwat. A puncto Évaluatioun vum Neie Lycée wëll een d’Resultater vu PISA ofwaarden, déi Enn des Joers kommen, wéi d’Mady Delvaux-Stehres betount huet.
OGM-Motiounen
Den 2. Mäerz huet déi europäesch Kommissioun eng Zort vu Gen-Gromperen an och 3 Gen-Maiszorten autoriséiert. Dëst wier ganz iwwerraschend komm, sot de gréngen Deputéierten Henri Kox an huet vun engem Skandal geschwat: D’Kommissioun hätt hir Decisioun geholl, ouni dat et doriwwer eng Diskussioun gouf. Lëtzebuerg hätt sech an der Vergaangenheet kritesch par rapport zu OGM-Zorten gewiesen a sollt dat och weider maachen, sou den Henri Kox – deen dowéinst 2 Motioune viergeluecht huet, an denen ënner anerem d’Regierung opgefuerdert gëtt, weiderhin zu Breissel Oppositioun géint iwwerstiertzen Autorisatiounen vun Gen-Zorten ze maachen.
|
Ganz d’accord mat dëser Positioun war an der Chamber de Gesondheetsminister. A sengen Aen wier d’Decisioun vun der Bréisseler Kommissioun ondemokratesch, sou den Mars di Bartolomeo. D’Regierung hätt hir Oppositioun schons a verschiddenen Gremien ausgedréckt an och ee Bréif un déi Lëtzebuerger Vertriederin an der Kommissioun geschéckt. Déi 2 Motiounen goufen eestëmmeg an der Chamber ugeholl.
| VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg |

Äre Commentaire