Stad: DP a Gréng hu Koalitiounsaccord ënnerschriwwen

RTL - 09.11.2011, 12:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.11.2011, 07:22 | 3 Commentaire(n)

An der Stad gouf um Mëttwoch de Koalitiounsaccord tëscht DP a Gréng ënnerschriwwen an et gouf bekannt wie wéi eng Funktioun am Schäfferot iwwerhëlt.

© t.y

4 Fraen an 2 Männer regéieren deemno um Knuedler. Nieft dem nei gewielte Buergermeeschter Xavier Bettel ass dat nach d'Simone Beissel, d'Colette Mart, d'Vivianne Loschetter, d'Lydie Polfer an de François Bausch.

Xavier Bettel

De François Bausch bleift 1. Schäffen an zoustänneg fir Mobilitéit, Transport a Finanzen.

François Bausch

D'Lydie Polfer ass zoustänneg fir Kultur a fir d'Urbanisatioun.

Lydie Polfer

D'Simone Beissel fir Infrastrukturen a Sport.

Simone Beissel

D'Viviane Loschetter fir Sozial an Ëmwelt.

Viviane Loschetter

D'Colette Mart fir Educatioun an Egalitéit tëscht Fraen a Männer.

Colette Mart

D'Doktesch Claudine Als déi besser gewielt war wollt d'Mandat aus beruffleche Grënn net unhuelen.

Dat Soziaalt wiesselt also vun de Bloe bei déi Gréng, bei d'Viviane Loschetter. D'Educatioun iwwerhëlt d'DP mam Colette Mart.

Éischt Prioritéit gëtt de Logement, wou déi verschidden Aspekter op 4 Schäffe verdeelt ginn. D'Stad soll nees méi attraktiv ginn, fir do ze wunnen. Et soll méi bezuelbare Wunnraum geschaf ginn.

D'Finanzpolitik soll an der Linn vu bis elo weidergefouert ginn, dat heescht virsiichteg, mä an Zukunft sollen och d'Folgekäschten bei all neie Projet berücksichtegt ginn.

D'Koalitiounsverdlungen an der Stad.


Koalitiounsprogramm an der Stad ass ënnerschriwwen! (09.11.2011)
Genee 1 Mount no den Gemengewahlen hunn Dp an di Gréng hire Programm fir di nächst 6 Joer virgestallt




Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!