Gemengewahlen: RTL bei Iech - um Radio an am Internet

RTL op Gemengewahlen-Tournée: Radio Lëtzebuerg gëtt Iech 8 Mol Rendezvous. Mir léieren d'Gemeng kennen a schwätze mat de Leit an de Politiker.

En ass net z'iwwersinn, de Gemengewahlen-Camper vun RTL. Véier Woche laang ass Radio Lëtzebuerg am Ländchen on Tour a gëtt Iech alles an allem aacht Mol Rendezvous sur place, am Radio oder um Internet.

Ëmmer dënsdes an donneschdes léiere mir eng Gemeng kennen, schwätze mat Leit a Veräiner aus der Gemeng a loossen och d'Politiker zu Wuert kommen.

Een éischten Asaz gëtt et ëmmer moies géint 7.30 Auer, am Laf vum Moie mellt sech d'Equipe op der Plaz dann ëmmer mol nees an de Programm an nom Journal vun 12.30 Auer ass dann ëmmer eng Table Ronde mat Vertrieder vun alle politesche Parteien. Wann Dir do wëllt derbäi sinn, dat kommt fir 12.30 Auer op d'Plaz.

Lauschtert hei RTL Radio Lëtzebuerg LIVE!.



Déi eenzel Rendez-vousen mat de Videoe vun den Table ronden




Stater Gemeng

RTL - 06.10.2011, 07:05

Nom Tour duerch d'Land ass eise Wahlcamper haut an der Stad ukomm, et ass déi lescht Statioun virum grousse Rendezvous ee Sonndeg. Dann ass eise Camper natierlech och erëm ënnerwee a mir informéieren iech séier a komplett iwwert d'Resultater aus dem ganze Land. Haut interesséiert eis awer ...


Gemeng Esch

RTL - 04.10.2011, 07:41

De Countdown leeft. A 5 Deeg gi mer wielen an eise Wahlcamper mécht dës Woch nach Statioun an den zou gréisste Stied am Land. En Donneschdeg si mer um Knuedler an der Stad an en Dënschdeg zu Esch/Uelzecht. Wat déi politesch Faarwen ugeet, hunn déi zwou Gemengen eppes gemeinsam, nämlech Déi ...


Gemeng Dikrech

RTL - 29.09.2011, 16:09  | 0 Commentaire(n)

Matten an der Foussgängerzon zu Dikrech stoung eise Wahlcamper an der Mëttesstonn vum Donneschdeg, 29. September - an déi Foussgängerzon war och ee vun den Themen an der politescher Table Ronde mat de 4 Spëtzekandidaten. Déi Foussgängerzone huet mëttlerweil iwwer 30 Joer um Bockel an ...


Gemeng Iechternach

RTL - 27.09.2011, 14:54  | 0 Commentaire(n)

An der Stad vun der Sprangprëssessioun an dem Willibrord war den RTL Wahlcamper en Dënschdeg de 27. September op Visite. Zu Iechternach hunn d’Politiker missten Ried an Äntwert stoen, kloer maachen wat hier Prioritéite si fir déi nächst 6 Joer. Den Trafic, d’Infrastrukturen an den ...


Gemeng Miersch

RTL - 22.09.2011, 18:30  | 0 Commentaire(n)

Am geographeschen Zentrum vum Land, zu Miersch, war eise Wahlcamper um Donneschdeg, 22. September ënnerwee. Do regéiert zanter 6 Joer eng grouss Koalitioun, DP an CSV waren no de leschte Wahlen bëssen iwwerraschend zesumme gaang an haten de gréngen Deputéierten Claude Adam op ...


Gemeng Réiser

RTL - 20.09.2011, 16:51  | 0 Commentaire(n)

De geplangten Akafszenter mam nationale Futtballstadion zu Léiweng war d’Zentralthema de Mëtten op eiser Table Ronde zu Réiser. Och wann iwwer Sujete wéi d’Finanze vun der Gemeng oder den Ëmweltschutz an d’Liewensqualitéit Riets goung, sinn d’Politiker ëmmer nees beim Thema Léiweng ...


Gemeng Wolz

RTL - 15.09.2011, 14:55  | 0 Commentaire(n)

An d’Wëltzer Schlass kënnt ënnert anerem eng Héichschoul fir Hotelmanagment. E Projet iwwert deen de Schäfferot virun der RTL Table Ronde informéiert huet an deen vun der Oppositioun – dat heescht vun der CSV a vun der DP- matgedroe gëtt. Déi zwou Parteien hunn allerdéngs ...


Gemeng Réimech

RTL - 13.09.2011, 14:24  | 0 Commentaire(n)

Réimech war déi éischt Statioun vum RTL Tour duerch d’Land am Kader vun de Gemengewahlen. Bis de 9. Oktober melle mer eis elo Dënschdes an Donneschdes aus enger Gemeng an en Dënschdeg 13. September ware mer op der Musel. Réimech ass vun der Fläch hir déi klengst Gemeng am Land, Réimech ...