Stater Gemeng

RTL - 06.10.2011, 07:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.10.2011, 11:46

Nom Tour duerch d'Land ass eise Wahlcamper haut an der Stad ukomm, et ass déi lescht Statioun virum grousse Rendezvous ee Sonndeg. Dann ass eise Camper natierlech och erëm ënnerwee a mir informéieren iech séier a komplett iwwert d'Resultater aus dem ganze Land.

Haut interesséiert eis awer emol déi politesch Situatioun an der Haaptstad. De Frank Kuffer ass wéi gewinnt schonn um Tour. Mir poteren de Moien nach bëssen hei mat de Stater Leit iwwert hir Problemer a Suergen, souzesoen als Preparatioun, wëll dorëms, ëm d'Stater an hir Zukunft an eiser politescher Table Ronde mat de Vertrieder vun de 7 Parteien. Haaptstad oblige, hei trieden se also alleguerten un. Luxembörg City ass jo zanter laangem schonn eng absolut Héichbuerg vun der DP, déi laang mat der CSV regéiert huet. Viru 6 Joer war den heitege Chamberpresident Laurent Mosar ugetrueden fir CSV Buergermeeschter ze ginn, kuerz no de Wahlen 2005 souz hien mat senger Partei an der Oppositioun. D'DP hat sech fir de Wahlgewënner, Déi Gréng, als Koalitiounspartner decidéiert. Effektiv war et ee ganz gudden 9. Oktober 2005 fir de François Bausch a seng Leit. Si haten 3 Sëz bäi gewonn a koumen op 5, d'CSV hat der 6 behal an d'DP 11. Verloschter, all Kéiers ee Mandat, goufen et fir d'adr, déi nach just ee Conseiller behalen huet, Déi Lénk hunn zanter 6 Joer kee Vertrieder méi um Knuedler an d'LSAP hat och, wann och just ganz ganz knapp, ee Sëtz verluer an huet der elo nach 4.27 Conseilleren sinn also hei ze wielen. Wat nach déi grouss Absenten ugeet : Bei der DP haten sech d'Colette Flesch an d'Anne Brasseur scho virun enger Zäit zeréck gezunn, zwou Dammen, déi sech een Numm, net nëmmen an der Gemengepolitik gemeet hunn. Bei der CSV ass dës Kéier de Paul-Henri Meyers net méi dobäi an de Lucien Thiel, dee jo kuerz virum Depot vun de Lëschten gestuerwen ass. Bei der LSAP zitt de Ben Fayot ee Schlussstréch ënnert d'Gemengepolitik an och de René Kollwelter geet net méi mat. D'adr dann verléiert och hiren ablackleche Conseiller, de Jacques-Yves Henckes an de Roy Reding huet jo bekanntlech net däerfe kandidéieren esou dass de Fernand Kartheiser op d'mannst deen ee Sëtz soll retten. Esou vill zu de Leit mä wat eis haut interesséiert si virun allem d'Sujeten an een dovunner ass d'Mobilitéit iwwert déi mer mat de Spëtzekandidaten schwätzen

De Rendez-Vous ass um Knuedler also bei der Gemeng.


VIDEO: Table ronde aus der Stad (06.10.2011)
D'Stad war déi lescht Statioun vum RTL Tour duerch d’Land am Kader vun de Gemengewahlen.




VIDEO: Table ronde aus der Stad - Kannerfroen (06.10.2011)
D'Kannerfro un e Politiker