Avortement

RTL - 29.10.2010, 08:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.11.2010, 12:57 | 34 Commentaire(n)

Auteur: Georges Hellinghausen.
Beim Gedenken sollt een déi net vergiessen, déi eis Gesellschaft net wëllt an ofdreiwe léisst. D’Ofdreiwungsgesetz soll jo nei geregelt ginn.

D’Fro gëtt op ville Plazen a bis an héchst Instanzen (de Staatsrot) exklusiv en fonction vun der betraffener Fra gesinn. Sécher, si ass déi éischt concernéiert, awer net déi eenzeg. Selbstbestëmmung vun der Fra – total averstan! Ech soen dat mat allergréisstem Respekt viru Frae, besonnesch deenen an Détresse. Awer wie vertrëtt d’Selbstbestëmmung vun den ongebuerene Kanner (iwwregens och 50 % Fraen, kleng Fraen, deenen awer hiert Selbstbestëmmungsrecht carrément oferkannt gëtt). Wou ass de Kollektiv „Si je veux – vivre: fIr d’Selbstbestëmmungsrecht vum ongebuerene Kand“, dat liewe wëllt? Wou ass déi Beweegung, déi fir d’Rechter vum ongebuerene Kand antrëtt, besonnesch dat éischt Recht, nämlech op d’Welt ze kommen an dosin ze dierfen, wann et bis lieft? Vill denken, dass Kanner, ier se op d’Welt komme, keng Kanner wieren. Si, déi Schwächst vun de Schwächsten, hu keng Lobby. Wann an enger Zeidung steet, de Schwangerschaftsofbroch misst als dat unerkannt gi, wat e wier, nämlech en Deel vum Liewen, dann ass dat eng total Banaliséierung vum entstehenden an eruwuessende Mënsch!

Datt eng Fra iwwert hire Bauch verfügt, ok! Datt se awer dee klenge Mënsch, deen se am Bauch ënnert hirem Häerz dréit an dee spontan no Liewen aspiréiert, soll kënnen eliminéieren, wéi soll dat aliichten? Firwat soll e Wonschkand d’Recht op Liewen hunn an eent, wat en „accident de parcours“ ass, net? Wier tatsächlech dat éischt Recht vum Kand, erwënscht ze sinn – wéi ech gelies hunn –, da froen ech mech, wéivill vun äis d’Recht hätten dozesinn? Souwäit zum existenziellen Aspekt.

A gesellschaftspolitesch? De Rechtsstaat ass vu sech aus a Flicht geholl, d’mënschlecht Liewen, och dat ongebuerend, ze schützen. E fënd sech awer an dësem Punkt de facto virun eng Grenz gestallt duerch d’Selbstbestëmmungsbestriewe vun der Fra. Kann e scho net um gesetzleche Wee d’Liewesrecht garantéieren, da muss en zumindest eng Hëllefstellung ginn, d. h. eng kompetent an ëmfaassend Berodung. De Flichtcharakter heifir ergëtt sech aus der Flicht vum Staat, d’Liewen ze schützen, och wa selbstverständlech d’Ergebnis vun der Consultatioun op an d’Entscheedung vun der Fra respektéiert gi muss.

Dass den Avortement – egal a watfir engem Mooss – stroffräi soll sinn, entbënnt déi concernéiert net vum moralesche Standpunkt: och de Papp an d’Gesellschaft net, obwuel déi beim Gesetzesprojet inexistent sinn, net awer bei der Saach. Och si musse sech d’Fro no Liewen an Dout stellen, am Cas particulier an allgemeng – woumat mer neess ukomm si bei den Allerhellgendeeg.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!