Nuklear Katastrof

RTL - 17.03.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.04.2011, 10:23 | 11 Commentaire(n)

Auteur: Paul Konsbruck

D'Welt schwätzt dëser Deeg vu kaum eppes anescht: Déi nuklear Katastrof a Japan.

An d'Welt reagéiert och. Déi eng hu Matgefill, déi aner maachen sech Gedanken ëm d'Economie. An da gëtt op eemol nees iwwert d'Sécherheet vun Atomenergie geschwat.

Bosseg wat do geschitt, fënnt de Paul Konsbruck a sengem Commentaire.

 
Et flackert ëmmer déck rout op den Ecranen an der Redaktioun, wann eng wichteg Nouvelle kënnt. Urgent, Alerte an Ula-la-la. Virgëschter stoung do „Mappus: Neckarwestheim 1 wird sofort still gelegt“ - a gëschter Owend „Philippsburg muss vom Netz“

Wat gelifft?

En deck Schwaarzen ass responsabel fir deen decke rouden Text op de Noriichtenagencen:

De Stefan Mappus, Regierungschef vu Baden-Württenberg, décidéiert zwou Atomzentralen auszeknipsen? Dat strahlend Grinsgesiicht vun der Atompolitik an Däitschland zitt den Stecker raus?

Ass dat elo eng gutt Nouvelle? Soll een sech doriwwer fréeën? Hurra, eng Zäitbomm manner?

An der Rei, ech weess wierklech net, wéi mat där Informatioun ëmgoen. Déi eelsten Atomzentralen sinn elo aus deem russesche Roulette eraus – well een deene Maschinn net méi traut. Ech ka mer de Kapp esou laang zerbriechen, wéi ech wëll: Et gëtt keng Logik.

Déi viregt Woche – matten am Wahlkampf an Baden-Württenberg – waren dat nach gutt Occasiounen um Atommarché a kënnen nach op d'Mannst 8 Joer lafen. Dertëscht eng Katastrof am hënneschten Eck op der Weltkaart an déi „gutt Occasiounen“ sinn net méi sou gutt - mee mussen an d'Schrottpress.

Firwat ass gëschter sécher, wat haut geféierlech ass?

Nee, dat klappt net. Entweder war an ass „sécher“ komplette Kabes oder elo ausknipsen ass Kabes.

Iergendwéi gleeft een dem Stefan Mappus awer net, dass deen einfach esou eppes opgëtt, wat am Zentrum vu sengem ganze politesche Wierke stoung! Deemno muss et bal esou sinn, dass do schon méi laang radioaktiv Polverfässer stinn - eng 200 Kilometer vu Waasserbëlleg ewech. An da si mer virdrunner fatzeg ugeschmiert ginn – op d'Mannst, déi, déi sech wollten uschmiere loossen.

Bof. Dat geschitt engem alt mol an engem Wahlkampf, sief et an Däitschland oder soss anzwuersch, dass een eng vum Päerd erzielt kritt. Et ass jo nach gutt ausgaangen; Besser de leschten Ament e Krop zéien, wéi riicht an d'Mauer knuppen.

Nëmmen, wéi geet dat elo virun. Ass Schluss mat der nuklearer Renaissance?

De Lëtzebuerger Energieminister, Jeannot Krecké, huet jo schon esou e Bréifchen verschéckt, wou en drun erënnert, dass hie selwer, an all seng Kollegen an dëser, an och an all de leschte Regierunge géint Atom waren. Nëmme vergësst de Jeannot Krecké, dass schwaarz-rout, déi deck Subside fir Solarenergie aus schwaarz-bloen Zäiten zerguttstert gekierzt hunn.

Och hei nees esou en Logik-Problem: Et kann een net géint Atom an zur gläicher Zäit och net fir alternativ Energië sinn.

Ausser et verstoppt een sech gär am Däischteren, da geet dat. Dat misst dann d'Explicatioun vum Jeannot Krecké sinn, deen sech zanter 8 Joer mat Succès virum Sujet Atomenergie verstoppt.

Nujee, et ass Zäit vum „Mea Culpa“ an der Kéier an der Atomcouse....

Quetschen och! Ween dat mengt, lauschter net no:

Déi Zentral ass secher – och wann e Fliiger drop fällt“ - huet et ufanks der Woch vu Cattenom aus geheescht – op franséisch. Op japanesch huet dat bis elo iwwersat geheescht. „Fukushima ass secher, och bei engem Äerdbiewen.“ Elo soen se: „Jo mä mat esou engem staarke Biewen un der Côte plus Tsunami konnt awer keen rechnen.“ Ech fäerten dass dat an der Zukunft iwwersat esou kléngt ewéi „Jo, mä mat esou engem décke Fliger, deen och nach deem Wénkel drop fällt, konnt awer wierklech kee rechnen.“

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!