Summerserie Naturschutzgebidder: 4) "Flosspärelmuschel"
De ganze Summer duerch huele mir Iech all Donneschdeg mat op eng interessant Natur-Plaz hei am Land - där hu mer der méi wéi genuch, et muss ee just wëssen, wou ee se siche geet.
100.000de Flosspärelmuschelen hu fréier an der Our gelieft. Haut wäerten et der nach eng 2-300 sinn. D’Intensivéierung vun der Landwirtschaft an di verännert Notzung vun Anzuchsgebidder, maachen datt ëmmer méi Feinsedimenter de liewenswichtege Kiesfong an der Our zousetzt. Konsequenz: di jonk Flosspärelmuschelen sinn net méi geschützt. Hir Iwwerliewenschance si quasi null.Zanter 2008 leeft dofir e Projet vun Natur an Ëmwelt an deem ënner anerem Flosspärelmuschele geziicht ginn...
AUDIO: De Sujet "Flosspärelmuschel" vum Raphaëlle Dickes lauschteren.
Deel 3 vun der Serie: Wéimricht zu Jonglënster.
Deel 2 vun der Serie: Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng.
Deel 1 vun der Serie: Remerschener Baggerweieren.
LINK: D'Homepage vun "natur&ëmwelt" - zesumme fir d'natur.











