D'USA sinn op nordkoreanesch Rakéitenattack preparéiert

RTL - 22.06.2009, 09:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.06.2009, 09:11

D'USA sinn no Aussoen vum President Obama op eng nordkoreanesch Rakéitenattack preparéiert. D'Regierung an d'Arméi wieren op all Eventualitéit virbereet.

Dat sot den Obama an engem Interview op CBS. Hie wéilt awer net iwwer Hypothesen spekuléieren, mä hie wéilt awer dem amerikanesche Vollek versécheren, datt all Preparative getraff wieren. Déi nordkoreanesch Rakéiten kéinte wahrscheinlech net de Kär vun den USA treffen, mä awer Hawaii an Alaska.