Haus Nassau: Männer a Fraen an Trounfolleg lo gläichgestallt

RTL - 20.06.2011, 16:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2011, 06:56

D'Haus Nassau huet de Familljepakt vu 1783 geännert. An Zukunft si Fraen a Männer an der Trounfolleg gläich gestallt.

Bei den Nokomme vum Grand-Duc Henri gëtt dës nei Successiounsregelung fir d'éischt applizéiert.

Am Communiqué vum Maréchalat de la Cour heescht et: «Sur ordre de Son Altesse Royale le Grand-Duc le Maréchalat de la Cour annonce que la réglementation interne de la Maison de Luxembourg-Nassau a été modifiée à l’effet d’introduire l’égalité entre hommes et femmes en matière de succession au trône. Ce nouvel ordre successoral s’applique pour la première fois à la descendance du Grand-Duc Henri. »

D'Chamber schafft jo och un enger Reform vun der Verfassung an deen éischten Entworf vun där Resolutioun gesäit vir, datt d'Trounfolleg an Zukunft net méi duerch de Familljepakt geregelt gëtt, mä duerch d'Verfassung selwer an och do soll festgehal ginn, datt dat éischt Kand vun der groussherzoglecher Koppel Successeur um Troun gëtt, egal ob et e Jong oder e Meedchen ass.

De Familljepakt gëllt just nach bis datt déi nei Verfassung a Kraaft ass.