adr: De Joe Thein gëllt parteiintern als "ze vill riets"
RTL - 14.10.2011, 12:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.10.2011, 12:58 | 56 Commentaire(n)
adr: Den Deputéierte Jacques-Yves Henckers refuséiert eng Partei "ganz riets vun der CSV". De President Robert Mehlen warnt virum Problemfall Joe Thein.

Wéi eng Zukunft huet d'adr? Huet d'adr eng Zukunft ?
Déi Froe muss een sech spéitstens zanter Uganks der Woch stellen, wéi de Comité vun der Jugendsektioun, der adrenalin, quasi komplett zeréck getrueden ass. Och bei deene gestane Leit aus der Partei, gëtt et keng Eenegkeet, wou et soll higoen.
Den Deputéierten Jacques-Yves Henckes ass éischter skeptesch, well d'Partei sech net méi kloer positionnéiert. Eng Partei bräicht eng Identitéit, mat där de Wieler sech kann identifizéieren, déi Identitéit geet mat all Kompromëss verluer, wéi zum Beispill mattsen an der Kris vun der Fonction Publique schwätzen e puer Méint virun de Chamberwahlen. De President Robert Mehlen gëtt dem Jacques-Yves Henckes just Recht wat d'Manéier ugeet.
D'adr muss elo weisen, firwat a wou se steet. De Jacques-Yves Henckes gesäit eppes kommen. Verschidde Leit wéillte sech ganz riets vun der CSV am ultra-kathoulesche Lager positionnéieren. Domadder wier hien awer net d'accord. De Parteipresident gesäit d'adr matten am Volleck, weder Riets nach Lénks. Hie gleeft un eng "gemeinsam Linn".
D'adrenalin huet eng Persoun genannt ouni se ze nennen, déi ee Problem vun der Partei wier. Den neigewielten Péitenger Conseiller, dee jonken Joe Thein, dee mat graven Aussoen am Internet opgefall wier. De Jacques-Yves Henckes ass kloer an däitlech: Sou Leit missten aus der Partei ausgeschloss ginn. Hie wier ze vill riets.
An de Robert Mehlen ass net wäit dovunner ewech. De Joe Thein wier de Problem bei der Jugend gewiescht. Et kéint een net maache wat ee wëll, an egal wat iwwer Facebook a soss um Internet verbreeden.
RTL waart op eng Reaktioun vum Joe Thein. Dee war bis elo net z'erreechen.
Äre Commentaire