ArcelorMittal: Siège am Viséier vun de Stolaarbechter

RTL - 11.05.2009, 16:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2009, 09:23 | 98 Commentaire(n)

ArcelorMittal: Um Bord vun der Generalversammlung koum et um Rousegäertchen zu schroe Konfrontatioune vu belschen an franséische Syndikater mat der Police!

Um Rousegäertchen ass et den Dënschdeg ganz héich hirgaang.

Honnerte vu Stolaarbechter a Gewerkschaftler aus der Belsch an aus Frankräich hate sech virum Arcelorsgebai an der Neier Avenue zesummefonnt, fir um Bord vun der Generalversammlung vum Stolproduzent géint de Plazenofbau zu Florange, Gandrange a Léck ze manifestéieren.

VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg






D'Situatioun ass kuerzzäiteg eskaléiert. Et si Knupperte geflunn an e puer Manifestanten hu Barrière widdert d'Entrée vum Gebai geschmass hunn a probéiert fir an de Siège eranzekommen. D'Glas an der Dir vum Siège um Rousegäertchen ass futti.

D'Police huet mat Gummiskugele geschoss, e Kameraman vun RTL gouf dobäi un der Hand blesséiert. Nach um Dënschdegowend huet den zoustännege Procureur eng Enquête an d'Weeër geleet, dat sot de Porte Parole vun der Police, Vic Reuter an engem Interview op RTL Télé Lëtzebuerg. D'Inspection Générale de la Police, also d'Police vun der Police, gouf donieft och mat enger Enquête chargéiert.

Géint 14 Auer war dunn alles eriwwer an d'Manifestanten hu sech mat de Busser nees heem gemaach.

D'Lëtzebuerger Gewerkschaften waren bei der Manifestatioun net derbäi.







Aschränkungen am Trafic

D'Demonstrante sollte fir d'éischt an der Hollerecher Strooss zesummekommen an da vun do aus iwwert d'Gare, duerch déi nei Avenue op de Rousegärtche goen.

Dowéinst waren d'Avenue de la liberté an d'Stroosse rondrem och vun de Dënschdegmoien 9 Auer un fir den Trafic gespaart. Dat ass elo net méi de Fall, allerdéngs gëllt bis Hallefnuecht e Parkverbuet.

A ganz Europa

Mat enger coordinéierter Aktioun a ganz Däitschland hunn d'Mataarbechter vun ThyssenKrupp en Méindeg schonn géint Plazenofbau demonstréiert. De Stolkonzern wëll tëscht 1800 an 2000 Plazen ofbauen. D'Gewerkschaft IGMetall hat zu dëser Aktioun opgeruff. Fir si stinn am ganzen op mannst 5.000 Plazen um Spill.

Datt et dem Stolsecteur ganz schlecht geet, ass zanter schwaarz op wäiss festgehalen. Am Abrëll gouf et am deem Secteur ee Réckgank vu 50% an Däitschland. Schold dorunner ass déi schlecht Konjunktur an der Autoindustrie an am Maschinnebau.

Zu Namur waren de Méindeg eng 4.000 Stolaarbechter an de Stroossen fir ee bessere Kollektivvertrag ze froen. Parallel dozou hat déi sozialistesch Gewerkschaft zu engem 24 Stonne Streik an der Wallonie an zu Bréissel opgeruff. Iwwerdeems gesi sech d'Gewerkschaften mat de Direktioun vun Arcelor Mittal zu Léck fir d'Fermeture vun deem Site virzebereeden.

A Rumänien sinn 12.000 Salariés vun ArcelorMittal an der Kuerzaarbecht.

D'Gewerkschaften sinn domatter net averstanen: déi Decisioun hätt mussen a Verhandlunge mat de Syndikater geholl ginn.

Déi betraffe Leit kréien an der Kuerzaarbecht 85 Prozent vun hirer regulärer Pai, dat sinn 10 Prozent méi wéi vum Gesetz virgeschriwwen ass.



D'Generalversammlung vun Arcelor Mittal huet iwwerdeems en Dënschdeg festgehal, datt de Konzern am 1. Trimester 2009 schonn iwwert eng Milliard Dollar verluer huet. Donieft gett eng Divide vu 0,75 Dollar pro Aktie ausbezuelt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!