Votum Klima: 30 ONGën hu Parteie no Klima-Politik befrot

RTL - 18.05.2009, 12:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2009, 15:48 | 0 Commentaire(n)

Votum Klima: Eng 30 Organisatiounen vun der Caritas iwwer de Mouveco, d'kathoulesch Kierch a Greenpeace hunn d'Parteien no hirer Klima-Politik befrot.

Si all hunn de Parteien virun de Wahlen e Katalog mat Froen virgeluecht an hunn och mat hinnen diskutéiert, doriwwer, wéi sech d’Parteien dann eng responsabel Klima-Politik an Zunkunft virstellen.

De Constat ass interessant: d’Parteien kréien durch d’Bank eng Bonne ecologesch Note, mat Nuancen.

Et geet den 30 ONGën ëm Gerechtegkeet, welwäit Gerechtegkeet, well soen si unsisono, déi Äermst an déi Schwächst op dëser Welt bezuelen eng Rechnung, fir déi si näischt kënnen, d'Rechnung fir eis Industrie-Politik. Bei hire Gespréicher mat de Parteien, wou si Froen a Fuerderungen gestallt hunn, do koum - an hirem Sënn - vill Guddes eraus.

Grad ewéi och all d’Parteien d'accord waren, datt bei ekologeschen Entwécklungen d'Gemengen misste mat an d'Boot geholl ginn; Unanimitéit och dobei, datt och méi arem Leit misst gehollef kréien, sech hei am land ökologesch effizient  – zum Beispill beim Wunnen – eppes ze leeschten.

D’CSV an d’LSAP waren zesummen iwwregens net d'accord dermat, datt Lëtzebuerg seng CO2-Emissiounen an Zukunft ëm 30 % misst senken. D' Oppostiounsparteien woren domat d’accord.

A propos CSV: Am Froe- a Fuerderungskatalog sinn hir Äntwerten dacks ganz kuerz oder se weicht aus oder se gëtt guer keng Äntwert.

D'ONGën an déi gréisst Regierungspartei leie seelen op enger Linn.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!