Spuerkeess-Prêt: Haapt-Pièce am Dossier ass...een Dram
RTL - 17.07.2012, 11:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.07.2012, 10:53 | 104 Commentaire(n)
Spuerkeess-Prêt: D'Pièce-maîtresse am Dossier vum Jean-Claude Finck, fir ze soen, hien hätt d'Bankgeheimnis net verletzt, ass...een Dram.

De Jean-Claude Finck huet zu Protokoll ginn, hien hätt dat Gespréich mam Inneminister Halsdorf, wou et ëm de Rollinger-Prêt goung 3 Joer no de Fakten am Juni 2012 nach eng Kéier gedreemt. An aus deem Dram geet eben erfir, datt beim Prêt alles no strenge Prozeduren a no Marchés-Conditiounen ofgewéckelt gi wier. An dann nach e puer Wuert iwwer e Footballs-Match, fir deen den Inneminister nach keng Ticketen hat a bis soss eng Kéier.
D'Geschicht vum Dram wossten d'Oppositiounspolitiker um Dënschdeg an der Chamber-Commissioun nach net; am Nomëtte sote si, dat wier kaum ze gleewen an e bësse vill sur Mesure.
Dram-Transkript:
2.3. Jean-Claude FINCK— 11.07.2012 M. FINCK nous a remis un document manuscrit qu'il a redgé le 8 juin 2012 et qui reprend sa version de I'entretien téléphonique qu'iI a mené avec e Ministre HALSDORF. Ce document est joint a I'audition de M. FINCK.
An der Nuecht vum 7 op den 8/6/2012 ass folgendes geschitt, ech sin erwecht an hat den Androck ech hat elo grad (am Schlof) nach eng keier den "Film" vun mengem Teiefonsgespréich mat dem JM Halsdorf "gesinn" (den genauen datum weess ech nach emmer net)
- ,,den Jean-Marie hei, salut"
- ,, moien Jean-Marie, wie geet et?"
- ,, So, den Guy beschweiert sech bei mir driwer ewéi dat bei der Spuerkeess mat sengem Prêt gaangen ass. Hien as net zefridden, ech soll dir téleph."
- ,, Ween as den Guy??"
- ,,den Guy Rollinger vun Wickrange huet säi prêt bei dir"
- ,, Lauschter Jean-Marie, ech kann mat Dir net iwwer een client schwetzen"
- ,,Jo mee hien seet dat wier net säi richtegen Wee gaangen, Konditiounen wieren net gutt"
- ,,All eis dossieren ginn no strengen procéduren an no marches conditiounen ofgeweckelt, dat ass esou bei enger Bank, méi kann ech deEr net soen .... Gees du mour een match kucken?"
- ,, Ech hunn nach keng Tickeen, mol kucken"- ,, Allez Jean-Marie, ech muss zeréck an mäi comité, bis soss eng keier"
N B.
Och an deem "refilm ", wou ech net verstinn ewei esou eppes ensteet, vielleicht duerch den Stress vun geschter (Presse Confer. DP + Greng, etc) huet de .J.M Halsdorf extrem midd geklongen.

Frieden: Spuerkeess-Prêt no normale Prozeduren accordéiert
De Spuerkeess-Prêt an der Affär Wickreng/Léiweng ass no de normale Prozeduren accordéiert ginn an d'Bankgeheimnis ass net verletzt ginn.
Dat sot an der Finanz-Commissioun an der Chamber de Finanzminister Luc Frieden.
De Spuerkeess-Direkter Jean-Claude Finck war invitéiert vum Minister mat an d'Commissioun komm. De Luc Frieden sot, datt deen Dossier behandelt gouf, wéi all Kreditdossier, an en ass net opgronn vun der Pressioun vun engem oder deem aneren accordéiert ginn. Fir de Luc Frieden wier dat als responsabele Minister eng wichteg Fro: Ginn Krediter no de Prozeduren gemaach oder ginn se accordéiert, well iergendee sot, dee muss ee Kredit kréien?

Déi blo an déi gréng Oppositioun fir hiren Deel soten, de Jean-Claude Finck hätt sech hannert dem Bankgeheimnis verstoppt an et wieren nach kéipweis Widderspréch an Detail-Froen, déi net hätte kënne gekläert ginn, notamment d'Fro, ob de Flavio Becca fir de Prêt vum Guy Rollinger gesuergt hätt. D' Spuerkeess bestreit dat, anerer, och en héije Staatsbeamten, soten dat wier esou, sot de Claude Meisch.
De Finanzminister Luc Frieden gouf de Journalisten ze verstoen, si giffe mat dësem Sujet just d'Summerlach fëllen.
Telefonsgespréich ... (17.07.2012)Den Kontenu vum Telefonsgespreich mam Jean-marie Halsdorf ass dem Direkter vun der Spuerkees an engem Dram nees agefall... |
Direkter vun der Spuerkeess an der Chamber (17.07.2012)Den Jean-Claude Finck huet den Deputéierten confirméiert datt Prozeduren agehalen goufen, Fir d'Oppositioun ass dat Ganzt awer nach ëmmer net kloer! |

Äre Commentaire