Halloween-Nuecht: D'Police mécht de Bilan
RTL - 01.11.2012, 11:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.11.2012, 11:55
D'Police hat déi lescht Nuecht nawell vill ze dinn: Et gouf mat Eeër op Fassadë geschoss, Autoe goufe mat Ketchup beschmiert...

Zu Beetebuerg gouf eng Poubelle a Brand gesat, deen d'Pompjeeën awer séier ënner Kontroll haten.
Zu Déifferdeng goufe Poubellen, Panneauen an Autosspigele beschiedegt.
Zu Iechternach goufen 2 Autoe mat Ketchup beschmiert.
Zu Mäertert goufe Verkéiersschëlter vandaliséiert an op d'Strooss geschmass.
E puer mol goufen d'Beamten och geruff wéinst Kaméidi oder Kläppereien.
Kläpperei dann och e Mëttwoch den Owend um 22.30 Auer zu Esch an der Avenue de la Gare tëscht zwee Männer – een dovu gouf schwéier blesséiert an d'Clinique gefouert.

