Trockner a Brand am groussherzogleche Palais

RTL - 02.02.2010, 13:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.02.2010, 15:05

Lokales: An der Mëttesstonn goufen d'Beruffspompjeeën wéinst engem Feieralarm an de groussherzogleche Palais geruff. En Trockner war do a Brand geroden.

Um 12h19 sinn d'Beruffspompjeeën alarméiert ginn dass et e Kellerbrand am Palais géif ginn. E Läschzuch mat 14 Mann huet sech direkt op de Wee gemaach. Op der Plaz gouf eng staark Dampentwécklung festgestallt. Am Keller gouf dunn en Trockner fonnt deen a Flame stoung. Och d'Wäschmaschinn déi niewendru stoung ass mat a Matleedeschaft gezu ginn.

Wéinst dem villen Damp hunn d'Pompjeeën mat schwéierem Otemschutz mussen an den Asaz.

De Palais gëtt lo mol gutt gelëft.