Iechternach: Café an Haler Gaass um Freidegmoien a Brand
RTL - 13.08.2010, 08:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.08.2010, 14:37
Zu Iechternach huet et um Freidegmoie géint 5.20 Auer am Café "Philo'soff" an der Haler Gaass (Rue de la Gare) gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt.

Noperen war Damp opgefall. Si hunn dunn direkt d'Pompjeeë geruff.
D'Feier konnt deemno séier geläscht ginn an et ass och kengem eppes geschitt. Um Rez-de-Chaussée ass héije Materialschued entstanen.
D'Gebai ass duerch d'Feier onbewunnbar ginn, well duerch de villen Damp och déi zwou iewescht Etage staark a Matleedeschaft gezu gi sinn.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Iechternach, Consdrëf, Osweiler a Gréiwemaacher souwéi de Samu aus der Stad.
Feier zu Iechternach: Kult-Café verbrannt (12.08.2010)De Freideg den 13. huet dem Philo'soff zu Iechternach kee Gléck bruecht. De Café huet bei engem Feier nawell uerg gelidden. |
