Donneschdeg: Déi nei Ministere goufe vum Grand-Duc vereedegt

RTL - 23.07.2009, 18:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.07.2009, 19:03 | 7 Commentaire(n)

Déi 15 Membere vun där neier Regierung goufen um Donneschdeg am Schlass zu Colmar-Bierg vum Gand-Duc vereedegt. Déi 3 Ministres Sortant krute Merci gesot.

© Fränk Kuffer / RTL Radio

E groen Himmel den Donneschdegmoien iwwert dem Schlass vu Bierg, wou de Grand-Duc Henri dräi Minister aus der leschter Regierung Merci gesot huet.

De Fernand Boden, de Lucien Lux an de Jean-Louis Schiltz si jo net méi an der nächster Regierung dobäi.

No 30 Joer Regierungsbedeelegung wor de Fernand Boden als Éischten un der Rei: De Grand-Duc Henri huet him esouguer e Message vu sengem Papp, dem Grand-Duc Jean, mat op de Wee ginn.

An elo fänkt déi parlamentaresch Aarbecht vum Deputéierte Fernand Boden un, an deen huet munneches wëlles.

 AUDIO: De Fernand Boden »

 

Enttäuscht ass en awer, de Fernand Boden, iwwert säi Wahlresultat grad ewéi de Lucien Lux, deen iwwerzeegt ass, datt hien zum Deel iwwert seng onpopulaire Gesetzer (Autosteier, Alkohol-Grenz) gefall ass. Ma Decisioune mussen eebe sinn ...

 AUDIO: De Lucien Lux »



VIDEO: Boden, Lux a Schiltz waren am Eenzelgespräich beim Grand-Duc

Ëm 14.30 Auer gouf dunn déi nei Regierung am Schlass zu Colmar-Bierg vum Grand-Duc Henri vereedegt. Et sinn 11 Männer a véier Fraen, 9 Minister op Säite vun der CSV a 6 bei der LSAP.

 

VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg iwwert d'Vereedegung vun den neie Ministeren


© Fränk Kuffer / RTL Radio


De Freideg ass déi nei Regierung fir den éischte Conseil zesummekomm. De Freideg war och an deene meeschte Ministèren déi offiziell Passation des pouvoirs, ënnert anerem am Sportsministère, dem Justizministère, dem Ministère vun der Fonction Publique, dem Transport- an dem Mëttelstandsministère.

E Méindeg da sinn den Aarbechts- an de Landwirtschaftsministère un der Rei.

De nächsten Dënschde ginn déi leschte 15 vun de 60 Deputéierte vereedegt. Déi éischten aussergewéinlech Sessioun vun der Chamber gëtt dann zou- an déi zweeten opgemaach - déi dauert bis den zweeten Dënschdeg am Oktober.

Duerno gëtt en neie Chamber-Bureau an och e neie President gewielt - et gëlt als sécher dass dat de Laurent Mosar vun der CSV gëtt. Genau esou sécher gëtt d'Mandat vum Generalsekretär, dem Claude Frieseisen, verlängert.

De nächste Mëttwoch um 11 Auer presentéiert de Premier Jean-Claude Juncker de Programm vun der neier Koalitioun an der Chamber. Den dag drop, Donneschdes, gëtt de ganzen Dag iwwert déi Declaratioun debattéiert.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!